Häerzlech Wëllkomm
bei JU-SE!
D’Iddi hannert
JU-SE ass einfach
Mënschen am Duerf zesummebréngen – duerch Austausch, kleng Gesten an echten Zesummenhalt am Alldag. An enger Zäit, an där d’Liewen oft anonym an individuell ass, solle Gemeinschaft a Mënschlechkeet nees eng Plaz kréien.
Mir sinn d’Kommissioune vum interkulturellen Zesummeliewen aus dem Kanton Réiden. Eis Visioun: intergenerationell Netzwierker, déi am Duerf wuesse kënnen – einfach a flexibel, mat Plaz fir jiddereen.
Kuerz: vu Junior bis Senior.
Mir sinn um Ufank – an dëse Site wiisst mat
Dëse Site ass aktuell eng Informatiounsplattform, déi an de kommende Méint a Joren no an no ausgebaut a reegelméisseg aktualiséiert gëtt.
Konzept
Einfach wéi BONJOUR
E Konzept, dat sech schonn ënner aneren am Duerf Schweebech, Gemeng Sëll bewäert huet, a wouru mir eis inspiréieren, ass eng lokal WhatsApp-Grupp & d’Notze vun Hoplr, wou d’Noperen:
- Hëllef ubidden oder froen
- Zäit deelen
- Informatioune weiderginn
- Kleng Ënnerstëtzung am Alldag organiséieren
- a villes méi!
Dës Gemeinschaft schaaft Liewensqualitéit duerch Freed, Sécherheet a Vertrauen. Jidderee kann säin Deel bäidroen.
Kuck hei eise Video mat Temoignagen.
Agenda
JU-SE it!
Mir organiséiere reegelméisseg thematesch Evenementer (Agenda), fir d’Leit aus de Quartieren oder Dierfer zesummenzebréngen, eise Projet virzestellen an d’JU-SE WhatsApp-Grupp ze promouvéieren. D’Reegele fir de Grupp gi gemeinsam definéiert, duerno gëtt en aktivéiert. Déi éischt Persounen, déi invitéiert ginn, kënnen direkt hir Noperen invitéieren. Esou wiisst de Grupp am Quartier oder Duerf Schrëtt fir Schrëtt duerch weider Invitatiounen – an et entsteet e gesond, diversifiéiert a liewegt Netzwierk. Och Jonker kënnen ab engem definéierte Mindestalter deelhuelen (Kanner iwwer d’Elteren).
